Déi 44. Generalversammlung vun der Sektioun “Pêche en Mer” F.L.P.S. gouf e Sonndeg, 15. Januar 2023 zu Miersch am Lokal „Beim Batty“ ofgehalen. Vun de 49 aktive Memberen waren der 28 präsent.
De President André Biver huet d’Leit ganz häerzlech op der 44. Generalversammlung begréisst. No enger Gedenkminutt un eis verstuerwe Kollegen, wou ganz speziell un eise Grënnungsmember Fernand Gira geduecht ginn ass, mécht de President eng kleng Analyse vun dem Joer 2022. Well hie sech no laanger Aktivitéit aus dem Comité zréck zitt, seet hien alle Kolleegen a speziell sengem Comité merci fir déi vill a gutt Aarbecht déi mir zesumme geleescht hunn a wënscht deem neie Comité alles Guddes fir d ’Zukunft.
De Sekretär, Gilbert Zangerlé, huet dunn e klengen Aktivitéits Beriicht iwwert d’Joer 2022 gemat.
An der éischter Comité-Versammlung gi laut Statuten d ’Charge verdeelt. Am Ufank vum Joer huet de Comité sech aus folgende Leit zesummegesat: President: Biver André; Vize-President: Micucci Giovanni; Sekretär: Zangerlé Gilbert; Keessier: Peffer Pierrot; Responsabel LM an Trainer: Hansen Jean-Pierre;
Responsabel Sortien: Royer René. Am Laf vum Mäerz huet de Pierrot Peffer sech aus perséinleche Grënn aus dem Comité zréckgezunn, sou dass vum 1. Abrëll un d ’Keess vum Sekretär gemat gouf. E spezielle Merci geet hei un de Kolleeg François Meyer, deen dem Sekretär am Ufank vill mat de Compten gehollef huet.
2022 hat d’Sektioun 49 aktiv Memberen an 99 Sympathisanten.
Am Laf vum Joer 2022 huet de Comité 9 Versammlungen ofgehalen a 4 normal Ausfaarten organiséiert. De groussen Challenge wor awer d ’Organisatioun vun der “Coupe des Nations”, déi schon 2019, virun der Pandemie sollt stattfannen an ëmmer verréckelt gi wor. Hei waren 5 Natiounen vertrueden (Belsch, Holland, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg). Ausser dass d’Wieder net matgespillt huet, wor et e grousse Succès an e flott Treffen, wou mir all eis al Kolleege konnten erëmgesinn.
Nom Joresbericht wor et dann nach ëmmer um Gilbert Zangerlé, deen a sénger Roll als Keessier “faisant fonction” en ausféierleche Beriicht iwwer déi finanziell Situatioun vun der Sektioun gemät huet. Nodeems de Beriicht vun den 3 Keesserevisoren bestätegt gouf, huet de President d ’Versammlung gebieden dem Keessier d’Décharge ze ginn. Dëst gouf per Acclamatioun gemat.
Du wor et um Tour vum Hansen Jean-Pierre fir e klenge Beriicht iwwert d’Landesmeeschterschaft 2022 ze maachen. Gewonn huet dëst Joer de Pepin Tom virum Micucci Giovanni a Royer René. Si goufe mat enger Medail an dem Diplome vun der FLPS ausgezeechent.
Den Hansen Jean-Pierre huet och d ’Resultat vun der Coupe des Nations virgestallt. Hei gouf Lëtzebuerg déi 4. Natioun. Ervirzehiewen ass awer bestëmmt déi exzellent Leeschtung vun eiser eenzeger Damm, dem Jessica Padjen, dat dee gréisste Fësch vum Concours (Mieräsch vun 57 cm) gefaang hat an domat och Dagessiegerin vun der 2. Manche wor. Zum Schluss koum hat op déi ganz gutt 5. Platz.
De René Royer huet e klenge Rapport iwwer eist traditionellt Fëndschaftsfëschen, d’Coupe AquaZooPêche, gemat. D’Laureate kruten hei eng Coupe iwwerreecht, déi vum Geschäft AquaZooPêche gestëft gouf.
De Giovanni Micucci huet e Rapport iwwert d’Weltmeechterschaft 2022 am Bootsfëschen zu Albufeira (Portugal) gemat. Hei konnt Lëtzebuerg déi respektabel 10. Platz erreechen.
Als laangjärege Member gouf de Remy Guy fir seng 25 Joer Pêche en Mer ausgezeechent. Hie krut en Diplom an d’sëlwer Spéngel vun der Sektioun iwwerreecht.
No enger klenger Paus wor et dunn de Moment fir de neie Comité 2023 ze wielen. Den André Biver an de Gilbert Zangerlé haten hir Kandidatur net méi gestallt. Ausser dem Giovanni Micucci, Jean-Pierre Hansen a René Royer hu sech d’Denise Steinhäuser an de Vincenzo Abruscato gemellt. Sie goufen eestëmmeg ugeholl.
Keesserevisoren 2023 sinn de Weydert Romain, Jean-Marie Godefroy an Tom Pepin.
Well alles méi deier gëtt, ass d ’Propose fir 2024 d ’Cotisatioun vun 25 € op 30 € ze hiewen ugeholl ginn.
Den Giovanni Micucci huet duerno de Programm 2023 virgestallt
Am Divers wor et fir d’éischt den Giovanni, deen erkläert huet, dass mir och de Präis vun eisen Dagesfahrten ëm 15 € héige mussen. De Präis vun de Booter a vum Bus si staark geklomm a mir kommen net méi mat deenen ale Präisser aus. D’Versammlung huet dat verstan an akzeptéiert.
Duerno huet de Gilbert Zangerlé d’Wuert ergraff, fir der Versammlung d’Neiegkeete vun dem Internationale Verband matzedeelen. Als éischt sief ze bemierken, dass ab dësem Joer (2023) wärend de FIPS-M Meeschterschaften net méi däerf gefëmmt ginn. Och ass all Besëtz vun Alkohol verbueden. De Micucci Giovanni huet dorops bemierkt, dass dat kloer fir d’Weltmeeschterschaften zielt, mä dass op de Landesmeeschterschaften vu Lëtzebuerg nach ëmmer op d ’Responsabilitéit vun de Kolleegen gezielt gëtt a fir de Moment nach keng esou Reglementer a Kraaft trieden.