logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2012

RAPPORT VUN DER 33. GENERALVERSAMMLUG

8. Januar 2012 Bieréng/Mersch

image

 

Présences: 43 Memberen vun der Sektioun PeM

M. Jos Scheuer a M. Pierrot Merten, Vertrieder vum Zentralvirstand vun der F.L.P.S.

Entschëllegt: Biever Pierre (Generalsekretär a Keessier FIPS-M)

 

Usproch vum President André Biver

De President vun der Sektioun PeM heescht all offiziell Vertrieder, Member a Frënn vun der Sektioun PeM wellkomm. Hien ass frou, dass de Verbands-President Jos Scheuer op d‘Generalversammlung vun der Sektioun PeM konnt kommen. No enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Memberen vun der Sektioun, kuckt hien zefridden op d’Joër 2011 zeréck. Hien ass erfreet iwwer déi vill Aarbecht a gutt Resultater vum leschte Joër a seet alle Leit déi duzou bäigedroen hun Merci.

Aktivitéitsbericht 2011

De Sekretär Gilbert Zangerlé leet der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d’Aktivitéiten, déi d’Sektioun am Laaf vum leschte Joër gemat huet vir a kommentéiert déi verschidde Punkten. Dëse Bericht gouf eestëmmeg guttgeheescht. 2

Keessebericht 2011

De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d’finanziell Situatioun vun der Sektioun. D’Sektioun konnt 2011 e klengen Bonit verbuchen, dat ass haaptsächlech drop zreckzeféieren well mir eis e beschen Reserve schaaffen wollten a gespuert hun fir 2012 d’Coupe des Nations z’organiséieren a et wor virgesin eng Equipe a Südafrika op d’Weltmeeschterschaft ze schecken, wat vill extra Dépensen mat sech bruegt hätt. Nodeems, dass d’Keesserevisoren (Jean-Jacques Baustert) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d’Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d’Décharge fir 2011 gin.

Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen

De Robi De Sousa erklärt e besschen d’Roll an d’Wichtegkeet vum Trainer an d’Organisatioun an de Verlaf vun der Landesmeeschterschaft 2011.

De Giovanni Miccucci mecht en ausféierleche Bericht iwwer Weltmeescheterschaft 2011 zu Livorno(Italien) a kommentéiert déi eenzel excellent Resultater.

De John Palgen, Kapitän vun der Equipe, déi un der Coupe des Nations 2011 zu Heiligenhafen deelgeholl huet, mecht e kuerze Bericht vun dësem Concours an de Resultater gemat.

De Jean-Pierre Hansen bedauert dass net vill Leit um Surf-Casting interesséiert woren. Hie probéiert dëst Joër mat e puer interessante Sortien eng Equipe Fëscher zesummen ze kréien.

Cotisatiounen 2013

De Mêmberbäitrag fir 2013 bleiwt 25 €.

Comité 2012

Mêmberen 2012 : Biver André, De Sousa Robi, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Resch Claude, Royer René, Schaaf Steve, Schenk Paul, Zangerlé Gilbert.

D’Chargen gin an der 1ter Versammlung nei verdeelt.

Keeserevisoren 2012

Baustert Jean-Jacques, Gira Fernand a Steyer Norbert

Wuert vum President vum Zentralvirstand

De Jos Scheuren huet der Sektioun am Num vum Zentralvirstand vun der FLPS felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d’Sektioun geféiert gët. Hie nennt d’Mierfëscher, déi dobaussen eist Land vertrieden oder Manisfestatiounen organiséieren, d‘"Embassadeure" vu Lëtzebuerg. Aus dësem Grond wëllt hien och déi néideg Demarchen beim Sportsminister maachen fir d’Sektioun bei der Organisatioun vun der Coupe des Nations 2012 z’ënnerstëtzen. Och versprecht hien eis en ugepasste Subside vun der Federatioun fir dëst Evenement.

Besonnesch geet hien op d’Wichtegkeet vun enger Fëscher-Federatioun an. Nom Skandal vum Fëschstierwen zu Steenhem ass hie méi wéi je drop aus eng stark Fëschergewerkschaft ze féieren déi am Interessen vun eisem Gewässer an eisem Hobby antrëtt. Hie mecht en Opruff verstärkt Fëscher fir d’Federatioun z’interesséieren.

Laureaten 2011

Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft an der Coupe „AquaZooPêche" fir hier gutt Resultater 2011 felicitéiert. 3

De President Jos Scheuer hiewt och den onermiddlechen Asaatz vum Biever Pierre ervir, deen als Generalsekretär a Keessier mat vill Gescheck d’international Mieresfëscherfederatioun féiert (FIPS-M). Hien ass erfreet, dass de Sekretär Gilbert Zangerlé sech och do als Delegéierte Generalsekretär bei der FIPS-M engagéiert huet. Hien iwwereecht him als Unerkennung fir séng Aarbecht, a séng laang Mêmberschaft an der FLPS, d’Spengel vun 30 Joër Aktivitéit am Verband.

Programm 2012

De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2012 vir. Jiddver Member krut e Kalenner mam Programm ausgedeelt. Speziell geet hien op d’WM am Pilkfëschen an, déi dëst Joër fir d’éischt a Polen organiséiert gët a wou d’Sektioun och eng Equipe kann hischecken.

Diskussioun

Mat enger interessanter Diskussioun iwwer d’Fescherei als solcht an d’Responsabilitéit vu jiddverengem fir eng gesond a propper Emwelt huet d’Generalversammlung 2012 ofgeschloss.

Schlusswuert vum President André Biver

Zum Schluss seet de President André Biver alle Mêmberen, Frënn a Sponsoren villmols merci a wënscht hinnen en erfollegräicht Joër 2012.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU