logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2011

RAPPORT VUN DER 32. GENERALVERSAMMLUG

23. Januar 2011 Bieréng/Mersch

image

 

Présences: 39 Memberen vun der Sektioun PeM; H. Pierrot Merten a Mme Romy Hanck, Vertrieder vum Zentralvirstand vun der F.L.P.S.

Entschëllegt: Jos Scheuer (President FLPS); Biewer Pierre (Generalsekretär a Keessier FIPS-M)

 

Usproch vum Vize-President André Biver

De Vize-President vun der Sektioun PeM heescht all offizielle Vertrieder, Member a Frënn vun der Sektioun PeM wellkomm. Hien entschellegt de Verbands-President Jos Scheuer an de Generalsekretär vun der FIPS-M Pierre Biewer. Hie weist sech erfreet dass d'Verbandssekretärin Romy Hanck an de Grënnungsmêmber Gilbert Arendt der Generalversammlung bäiwunnen. No enger Gedenkminut un d'Verstuerwe Memberen vun der Sektioun, kuckt hien zefridden op d'Joër 2010 zeréck. Hien ass erfreet iwwer déi vill Aarbecht a gutt Resultater vum leschte Joër. a seet alle Leit déi duzou bäigedroen hun Merci.

Aktivitéitsbericht 2010

De Sekretär Gilbert Zangerlé leet der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d'Aktivitéiten, déi d'Sektioun am Laaf vum leschte Joër gemat huet vir a kommentéiert déi verschidde Punkten. Dëse Bericht gouf eestëmmeg guttgeheescht.

Keessebericht 2010

De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d'finanziell Situatioun vun der Sektioun. Leider huet d'Sektioun am leschte Joer e klengen Defizit ze verbuchen, mais hien hofft dat dëst Joer nees an d'Gläichgewiicht ze bréngen. Nodeems, dass d'Keesserevisoren (Norbert Steyer) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d'Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d'Décharge fir 2010 gin.

Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen

De Robi De Sousa erklärt e besschen d'Roll an d'Wichtegkeet vum Trainer an d'Organisatioun an de Verlaf vun der Landesmeeschterschaft 2010.

De Giovanni Muccucci mecht en ausféierleche Bericht iwwer Weltmeescheterschaft 2010 zu Budva (Montenegro) a kommentéiert déi eenzel Resultater.

De Jean Pierre Hansen, Kapitän vun der Equipe, déi un der Coupe des Nations 2010 an Holland (Neeltje Jans) deelgeholl huet, wor entschellegt a duerfir huet a sénger Plaatz de Sekretär Gilbert Zangerlé e kuerze Bericht vun dësem Concours an de Resultater gemat. Besonnesch déi kollegial Ambiance maachen aus dësem Concours e grousst an eemolegt Evenement.

Cotisatiounen 2012

De Memberbäitrag fir 2012 bleiwt 25 €.

Comité 2011

Memberen 2011 : Biver André, De Sousa Robi, Gantenbein Lars, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Resch Claude, Royer René, Schaaf Steve, Schenk Paul, Zangerlé Gilbert.

D'Chargen gin an der 1ter Versammlung nei verdeelt.

Keeserevisoren 2011

Baustert Jean-Jacques, Gira Fernand a Steyer Norbert

Wuert vum Vertrieder vum Zentralvirstand

De Pierrot Merten huet der Sektioun am Num vum Zentralvirstand vun der FLPS felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d'Sektioun geféiert gët. Hie versprecht d'Doléancen vun der Sektioun am Zentralvirstand erfirzebréngen an sech fir eis Ennerstëtzung anzesetzen.

Laureaten 2010

Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft, der Coupe „AquaZooPêche" an déi 10­‑jähreg Memberen fir hier gutt Resultater 2010 an hieren langjähregen Asaatz felicitéiert.

Programm 2011

De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2011 vir. Jiddver Member krut e Kalenner mam Programm ausgedeelt.

Diskussioun

Eng interessanter Diskussioun iwwer d'Fescherei als solcht an d'Responsabilitéit vu jiddverengem fir eng gesond a propper Emwelt huet d'Generalversammlung 2011 ofgeschloss.

Schlusswuert vum President André Biver

Zum Schluss seet de President André Biver alle Mêmberen, Frënn a Sponsoren villmols merci a wënscht hinnen en erfollegräicht Joër 2011.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU