Assemblée Générale 2006
Présences: 52 Mêmberen vun der Sektioun PeM
H. Braun François: Vertrieder vun der Gemeng Miersch: (2te Scheffen: )
H. Debra François :Vertrieder vum Zentralvirstand vun der F.L.P.S. :
Entschellegt: Gusty Graas (President FLPS); Pierre Biewer (Sekretär CIPS-M); Carlo Back (10 jährege Mêmber PeM)
Usproch vum President Marcel Schumacher
De President vun der Sektioun PeM heescht all Mêmberen a Frënn vun der Sektioun PeM wellkomm. No enger Gedenkminut un d’Verstuerwe Mêmberen vun der Sektioun, kuckt hien zefridden op d’Joër 2005 zeréck. Hien ass erfreet iwwer d’Aarbecht vum leschte Joër a speziell iwwer dee gudden a kollegiale Klima deen am Comité a ënner all de Mêmberen vun der Sektioun herrscht.
Begréissung duerch den H. Braun, Vertrieder vun der Gemeng Miersch
Den Häer François Braun entschëllegt de Buergermeeschter dee leider nët komme konnt a betount, ass ët eng Éier an eng Freed fir d’Gemeng Miersch ass, dass d’Sektioun „Pêche en Mer“ vun der FLPS Bieréng an der Gemeng Miersch als Siège social gewielt huet. Hie stellt der Versammlung d’Gemeng Miersch als agreabel a schéi Geméng am Zentrum vun eisem Land vir.
Aktivitéitsbericht 2005
De Sekretär Gilbert Zangerlé leed der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d’Aktivitéiten, déi d’Sektioun am Laaf vum leschte Joër hat vir. Dëse Bericht gouf eestëmmeg guttgeheescht.
Keessebericht 2005
De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d’finanziell Situatioun vun der Sektioun. Hien ass stolz fir kënnen eng gesond Kees ze präsentéieren. Nodeems, dass d’Keesserevisoren (JJ. Baustert, N. Steyer, F. Gira) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d’Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d’Décharge gin fir 2005.
Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen
De Robi De Sousa erkläert e besschen d’Roll an d’Wichtegkeet vum Trainer. Hie gesäit sech net nëmmen als Trainer a Beroder vun den Equipen, mais och als Ulafpersoun fir nei Mêmberen, déi sech iwwer d’Material, Techniken asw. wëllen informéieren. Hien hat am Laaf vum Joër 2005 verschidde Versammlungen mat den Equipen (Weltmeechterschaft a Coupe des Nations) ofgehal.
De Marcel Schumacher, Kapitän vun der Equipe déi an England (Weymouth) op d’WM gaang ass huet e kuerzer Bericht iwwer d’Organisatioun an de Verlaf vun der Weltmeeschterschaft 2005 gemat.
De John Palgen, Kapitän vun der Equipe déi un der „Coupe des Nations“ zu Ostende deelgeholl huet, huet de Verlaf vun dësem Concours kommentéiert. Leider hat d’Wieder net matgespillt, sou dass zwee Deeg an der Osterschelde gefëscht gouf.
Cotisatiounen 2006
De Mêmberbäitrag fir 2006 bleiwt 20 €.
Comité 2006
Ausser all de Mêmberen vun 2005 huet de Steve Schaaf sech an de Comité gemellt.
Mêmberen 2006 : Abbruscato Vincenzo, Biver André, De Sousa Robi, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Reichling Pierre, Resch Claude, Schaaf Steve, Schenk Paul, Schumacher Marcel, Zangerlé Gilbert.
D’Chargen gin an der 1ter Versammlung nei verdeelt.
Wuert vum Vertrieder vum Zentralvirstand
De François Debra huet der Sektioun am Num vum Zentralvirstand vun der FLPS felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d’Sektioun geféiert gët. Hien ennersträicht nach emol d’Suerg vun der Federatioun iwwer d’allgemeng Waasserproblematik; siew dat d’Verschmotzung vum Waasser oder den Uferen, mais och iwwer verschidde schwaarz Schof, déi obschon d’Federatioun sech energesch vun hinnen distanzéiert, e Schied op all d’Fescher an hieren Hobby werfen.
Laureaten 2005
Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft, der Coupe „Pêche en Mer“, d’10-jähreg Mêmberen an déi beschtklasséeirt Veräiner fir hier gutt Resultater 2005 felicitéiert.
Programm 2006
De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2006 vir. Nei ass dest Joër, dass keng Dagesfahrt méi an d’Belsch gemat gët. Desweideren fällt aus finanzielle Grënn d’Championnat fir federéiert Veräiner ewech.
Diskussioun
De Virschlag, fir d’Championnat fir d’Veräiner gläichzäiteg mat enger Landesmeeschterschaft oder enger Tagesfahrt ze fëschen get opgegraf. Am éischte Comité gët d’Realisatioun vun dëser Propose analyséiert an diskutéiert.
Schlusswuert vum President Marcel Schumacher
Zum Schluss seet de President Marcel Schumacher alle Mêmberen, Frënn a Sponsoren villmols merci a wënscht hinnen en erfollegräicht Joër 2006.
de Sekretär
Gilbert Zangerlé