RAPPORT VUN DER 42. GENERALVERSAMMLUNG (2021)
28. Mäerz 2021 - Online Versammlung iwwer “Zoom”
Usprooch vum Präsident
De President André Biver begréisst ganz häerzlech d ’Memberen an d ‘Sympathisanten vun der Sektioun “Pêche en Mer” F.L.P.S. . Hien entschëllegt de Vize-President vun der Sektioun PeM, John Palgen.
No enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Kollegen vun der Sektioun mécht hien déi 42. Generalversammlung op.
2020 wor e ganz schwieregt Joer fir d ‘Veräiner an d ‘Federation. Duerch d’Pandémie hunn all d ’Aktivitéiten vu Mëtt Mäerz un, bis zum Schluss vum Joer missten ofgesot ginn. Trotzdeem seet de President sengem Comité, all de Sponsoren e spezielle Merci fir hier Aarbecht an Ënnerstëtzung.
Rapport vum Sekretär
De Sekretär Gilbert Zangerlé mécht e klenge Réckbléck iwwer d’lescht Joër. Et wor net vill ze soen. Nëmmen eng Faart (Coupe AquaZooPêche) an nëmmen eng Manche vun der LM konnte gefëscht ginn. Dëse forcéierte Stopp vun eisen Aktivitéiten spigelt sech och an den aktive Memberen zeréck. 2020 hat d ’Sektioun nach just 56 Memberen. Hei muss onbedéngt e groussen Effort gemät ginn, fir d ’Liewen vun der Sektioun nees ze erneieren an ze stäerken.
Rapport vun dem Keessier
De Keessier Claude Resch huet der Versammlung am Detail d’Compten vun der Sektioun virgeluegt an déi verschidde Mouvementer erkläert. Fir den Exercice 2020 mécht d ‘Sektioun e Boni vun 3656,09 €.
Keeserevisoren
D’Keesserevisoren, Norbert Steyer, Godefroy a Jean-Marie, haten d’Kees kontrolléiert an hunn der Versammlung bestätegt, dass alles ganz korrekt a minutiéis geféiert ginn ass. Sie bieden dem Keessier d ‘Decharge fir 2020 ze ginn.
Dat gouf eestëmmeg ugeholl.
Cotisatioun 2020
Et gëtt eestëmmeg beschloss d ’Cotisatioun fir 2021 op 25 € ze loossen.
Erneierung vum Comité
Ausser den austriedend an erëmgewielte Memberen hat de Claude Resch seng Kandidatur net méi gestallt. De Pierrot Peffer hat eng schrëftlech Kandidatur fir an de Comité gemat.
Am Comité fir 2021 sinn also: Biver André, Zangerlé Gilbert, Royer René, Micucci Giovanni, Palgen John, Scheifer John, Hansen Jean-Pierre, Fred Wagner a Peffer Pierrot.
De President lueft d ’Engagement vum Claude Resch an deene ville Joren wou hien d’Kees vun der Sektioun gefouert huet. D ’Sektioun hat, dank der Aarbecht vum Claude, ëmmer eng perfekt Keess. De Claude hat scho laang ugekënnegt, dass, wann hien d ’Pensioun bis huet, hie méi Fräiheete well hunn fir ze reesen a privat fëschen ze goen. De Comité ass net frou, mäi huet awer Verständnis fir dës Decisioun a wënscht him vill Succès a Freed mam Big Game Fëschen.
Déi nei Charge Verdeelung gëtt laut Statuten an der 1. Comitéssëtzung festgeluegt.
Neiwiel vun de Keesserevisoren
A Platz vum Gira Fernand huet de Weydert Romain sech als Kesserevisor gemellt. De President seet dem Fern, deen e Grënnungsmember ass, en häerzleche Merci fir seng laang Aarbecht als Keesserevisor.
Landesmeeschterschaft 2020
Leider konnt nëmmen eng Manche vun der LM 2020 gefëscht ginn, sou dass dëst Resultat fir de Landesmeeschter Titel zielt. 1. Wagner Fred, 2. Royer René, 3. Hansen J-P
Weltmeeschterschaft 2020
Leider gouf d ’WM 2020, déi an der Belsch sollt sinn vun der FIPS-M ofgesot an op 2021 verluet. Dës Meeschterschaft gëtt dann awer net méi vun der belscher Federatioun organiséiert, mäi vu Montenegro. D ‘Lëtzebuerger Equipe ass: HANSEN Jean-Pierre, STEMPER André, JUNGERS Henri, SCHEIFER John an DA SECA SILVA Carlos.
Coupe AquaZooPêche
Dëst Frëndschaftsfëschen gouf de 7. Mäerz gefëscht. Et sollt déi eenzeg Ausfaart fir 2020 sinn.
Lauréaten vun der Coupe AquaZooPêche: 1. Micucci Giovanni 17,400 kg; 2. Minhava Lameira Sergio 12,600 kg, 3. Dias Gomes José 12,200 kg. 1. Dame: Padgen Jessica 3,900 kg.
Déckste Fësch: Cabillaud Royer René 4,120 kg.
Programm 2021
De Sekretär stellt de Programm 2021 vir. Hoffentlech kenne mir dëst Joer nees e bësschen Normalitéit erëmkréien an eis Faarten a Meeschterschaftsbedeelegungen realiséieren.