Assemblée Générale 2008
Présences: 39 Memberen vun der Sektioun PeM
H. Pierrot Merten:Vertrieder vum Zentralvirstand vun der F.L.P.S. :
Entschellegt: Gusty Graas (President FLPS); Marcel Schumacher (President PeM)
Usproch vum Vize-President André Biver
De Vize-President vun der Sektioun PeM heescht all offizielle Vertrieder, Member a Frënn vun der Sektioun PeM wellkomm. Hien entschellegt de Verbands-President Gusty Graas an de President vun der Sektioun PeM Marcel Schumacher. No enger Gedenkminut un d’Verstuerwe Memberen vun der Sektioun, kuckt hien zefridden op d’Joër 2007 zeréck. Hien ass erfreet iwwer déi vill Aarbecht a gutt Resultater vum leschte Joër.
Aktivitéitsbericht 2007
De Sekretär Gilbert Zangerlé leet der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d’Aktivitéiten, déi d’Sektioun am Laaf vum leschte Joër gemat huet vir. Dëse Bericht gouf eestëmmeg guttgeheescht.
Keessebericht 2007
De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d’finanziell Situatioun vun der Sektioun. Hien ass stolz fir kënnen eng gesond Kees ze präsentéieren. Nodeems, dass d’Keesserevisoren (JJ. Baustert, N. Steyer, F. Gira) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d’Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d’Décharge fir 2007 gin.
Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen
De Robi De Sousa erklärt e besschen d’Roll an d’Wichtegkeet vum Trainer. Hie presentéiert besonnesch de Verlaf vun der Weltmeescheterschaft 2007 zu Blankenberge a kommentéiert déi eenzel Resultater.
De Jean Pierre Hansen, Member vun der Equipe déi an Däitschland (Heiligenhafen) un der „Coupe des Nations“ deelgeholl huet, huet de Verlaf vun dësem Concours an d’Resultater kommentéiert. Besonnesch déi kollegial Ambiance maachen aus dësem Concours e grousst an eemolegt Evenement.
Cotisatiounen 2008
De Memberbäitrag fir 2008 bleiwt 20 €.
Comité 2008
Memberen 2008 : Biver André, De Sousa Robi, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Reichling Pierre, Resch Claude, Schaaf Steve, Schenk Paul, Schumacher Marcel, Zangerlé Gilbert.
D’Chargen gin an der 1ter Versammlung nei verdeelt.
Wuert vum Vertrieder vum Zentralvirstand
De Pierrot Merten huet der Sektioun am Num vum Zentralvirstand vun der FLPS felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d’Sektioun geféiert gët. Hie versprecht d’Doléancen vun der Sektioun am Zentralvirstand erfirzebréngen an sech fir eis Ennerstëtzung anzesetzen.
Laureaten 2007
Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft, der Coupe „AquaZooPêche“, d’25 an déi 10‑jähreg Memberen fir hier gutt Resultater 2007 an hieren langjähregen Asaatz felicitéiert.
Programm 2008
De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2008 vir. Ervirzehiewen ass dass dëst Joër Lëtzebuerg d’Coupe des Nations zu Dunkerque organiséiert. De Gilbert Zangerlé gët der Versammlung schon e klengen Abléck an de Verlaf vun dësem Concours an deit schon déi vill Aarbecht, déi op d’Sektioun duerkënnt, un
Diskussioun
De Gilbert Zangerlé fängt Diskussioun un an deems hien op d’Engagement an d’Responsabilitéit hiweist déi all Member huet wann e fësche geet. Et ass nët e vertrieden, dass Knascht an d’Waasser gehät gët, ënnermoosseg Fësch matgeholl gin oder Fësch nët fachgerecht zereckgesat gin oder dout gemat gin fir mat heem ze huelen. Hien ass besuergt iwwer déi erschreckend Degradatioun vun eise Gewässer.
De Jean-Pierre Hansen proposéiert fir erëm eng Veräinsmeeschterschaft ze fëschen. Speziell well et jo eng WM fir Veräiner gët. Hie gesäit esou guer d’Méiglechkeet, dëse Concours op d’Groussregioun auszedehnen. Fir dass mir kee grousst Schëff brauchen ze charteren, an esou de finanzielle Risk mussen droen, schléit hien e Concours op Jachte vir.
Et ass kloer, dass d’Federatioun dëse Concours muss an d’Wee leeden. De Pierrot Merten wäert dat mat an den Zentralvirstand huelen.
D’Roll vum Trainer soll méi kloer sin. Ass hien nëmmen fir dMemberen, déi d’LM an Concourefëscher do, oder soll hien den Uspriechpartner fir jissvereen sin? Wéi sollen d’Formatiounen etc ausgesin?
De Comité gräift dëss Froen op. Am 1. Comité gët dat diskutéiert, schrëftlech festgehal an un all d’Memberen verscheckt. Et ass och eng Versammlung geplangt (Comité + Trainer) fir all Mëmberen, déi un der LM 2008 deelhuelen.
Schlusswuert vum Vize-President
Zum Schluss seet de Vize-President André Biver alle Mêmberen, Frënn a Sponsoren villmols merci a wënscht hinnen en erfollegräicht Joër 2008.
de Sekretär
Gilbert Zangerlé