logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2014

RAPPORT VUN DER 35. GENERALVERSAMMLUNG

5. Januar 2014

image
Laureaten 2013

 

 

1. Begréissung duerch de President

De President André Biver heescht all Leit déi op D’Generalversammlung komm sin wëllkomm an entschellegt fir d’alleréischt déi, déi nët komme konnten, den FLPS-Präsident Jos Scheuer, de Pierre Biever, de Generalsekretär FIPS-M, de Pierrot Merten an de Claude Strotz vun der Federatioun.

No enger Gedenkminutt un all d‘Memberen a Sympathisanten, déi am leschte Joer gestuerwe sin, huet hien d’Versammlung opgemat.

Hie begréisst och d’Vertrieder vun der Press (Wort an Tageblatt) a seet hinnen am Viraus scho merci fir de Bäitrag deen sie iwwer d’Sektioun publizéiere wäerten.

Hien huet e beschen d’Aktivitéiten, déi mir am leschte Joër haten ervirgehuewen an jiddverengem e grousse Merci gesot, fir déi vill Aarbecht, déi am Joer 2013 geleescht gin ass.

2. Aktivitéitsbericht 2013

De Sekretär Gilbert Zangerlé hat der Versammlung de schrëftlechen Aktivitéitsbericht vum  Joer 2013 virgeluegt. Hien ass duerfir net méi op d’Eenzelheeten agaang. Mais ganz besuergt huet hien op eis schwindend Memberszuel higewisen. A knapps 3 Joer hu mir d’Halschent vun eisen aktive Memberen verluer. Mir mussen onbedengt d’Ursaachen vun dëser Situatioun genee ennersichen an eis serieux Gedanken doriwwer maachen wéi mir dat erem redresséiert kréien. Et ka net sin, dass mir bei eisen Aktivitéiten just nach kucken fir esou mann wéi méiglech Defizit ze maachen.

3. Keessebericht 2013

De Keessier Claude Resch presentéiert de Bilan 2013. Am Moment sti mir eis mat der Kees nach gutt. Mais bedenklech ass et awer, well mir ouni 2013 eng besonnescht Organisatioun ze haten, mir en Defizit vun 2078,94 € gemat hun. D’Gefor besteet, wann et esou wieder geet, mir lues a lues eis Reserven opgebrauchen.

D’Keeserevisoren haten Samschdes de 4. Januar d’Konte kontrolléiert an de Jean-Jacques Baustert bestätegt dass d’Kees impeccabel gefouert gin ass. Hie bied duerfir d’Versammlung dem Tresorier d’Décharge fir 2013 ze gin. Dëst gouf och du per Acclamatioun gemat.

D’Keeserevisoren: De Baustert Jean-Jacques, Gira Fernand a Steyer Norbert hun och hier Kandidatur fir 2014 gestallt a goufen eestëmmeg guttgeheescht.

4. Rapporten vun de Kapitänen vun de verschiddenen Equipen

Fir d’éischt huet de Micucci Giovanni, Kapitän fir WM 2013, en ausféierleche Bericht iwwer d’Weltmeeschterschaft 2013 a Portugal gemat. Duerno wor et um Resch Claude, Kapitän fir EM 2013 a Polen fir der Versammlung säi Bericht virzeleën. Zum Schluss huet de Palgen John, Kapitän CN 2013 e kuerze Berichter iwwer de Verlaf vun der coupe des Nations gemat.

5. Cotisatiounen 2015

Fir d’nächst Joer loosse mir d’Cotisatiounen op 25 €

6. Neiwahl vum Comité

Austriedend De Sousa Robi a Schaff Steve

Ausser den austriedend an eremwielbare Memberen (Palgen John, Micucci Giovanni a Royer René) haten 2 Memberen (John Scheifer an Etiene Schiltz) hier Kandidatur gestallt. Sie goufen per Acclamatioun an de Comité opgeholl. Esou dass de Comité fir 2014 sech folgendermoossen zesummesetzt.: BIVER André, HANSEN Jean-Pierre, MARASCHIN Ralph, MICUCCI Giovani, PALGEN John, RESCH Claude, ROYER René, SCHEIFER John, SCHILTZ Etienne, ZANGERLE Gilbert.

D’Chargen gi laut Statuten am 1. Comité verdeelt.

7. Eierung vun de verdengschtvolle Memberen

Déi bescht klasséiert vun eisen zwou Landesmeeschterschaften (Bootsfëschen a Kunstköderfëschen) goufen geéiert.

Duerno kruten déi laangjähreg Memberen eng Medaille an en Diplôme iwwerreescht:

10 Joer: Micucci Giovanni; Schaaf Steve; Royer René

25 Joer: Baustert Jean-Jacques ; Wiltgen René ; Jungers Henri

8. Programme 2013

De Sekretär presentéiert de Programm 2014. Ausser de Fëschfahrten fier d’Sektioun den 29 März op d’VISMA (Rotterdam. Eng vun de gréissten Materialausstellungen aus Europa.

9. Diskussioun

De Sekretär erwähnt d’Méiglechkeet an den Challange fir 2015 eng Europameeschterschaft am Kunstköderfëschen z’organiséieren. Dëss Propose fennt e gudden Uklang bei de Mêmberen an et get proposéiert e Groupe de Travail, speziell fir dëss Organisatioun, ze bilden

 

No enger konstruktiver a frëndschaftlecher Diskussioun huet de President André Biver d’Versammlung opgehuewen an alle Memberen a Sympathisanten en erfollegräicht Joer 2014 gewënscht.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé 

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU