logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2009

RAPPORT VUN DER 30. GENERALVERSAMMLUG

18. Januar 2009 Rolléng/Mersch

image
Laureaten 2008
image
Champions 2008

 

 

Présences:             50 Memberen vun der Sektioun PeM

                                H. Gusty Graas, President vun der F.L.P.S.

                                Famill Marcel Schumacher

 Usproch vum President André Biver

De President vun der Sektioun PeM heescht all offizielle Vertrieder, Member a Frënn vun der Sektioun PeM wellkomm. Hien entschellegt de Minister Jean-Marie Halsdorf an den Här Pierre Biever (Vize-President FLPS a Generalsekretär FIPS-M). Mat Bedauren geet hien nach emol op den Doud vun eisem langjähregen President a Kolleg Marcel Schumacher an. No enger Gedenkminut un all d’Verstuerwe Memberen vun der Sektioun, kuckt hien zefridden op d’Joër 2008 zeréck. Hien ass erfreet iwwer déi vill Aarbecht a gutt Resultater vum leschte Joër.

Aktivitéitsbericht 2008

De Sekretär Gilbert Zangerlé leet der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d’Aktivitéiten, déi d’Sektioun am Laaf vum leschte Joër gemat huet vir. Hien ennersträicht nach emol déi flott Ambiance an dat gutt Zesummeschaffen op der Coupe des Nations 2008, déi jo vun der Sektioun PeM zu Dunkerque organiséiert gouf. D’Sektioun krut an dësem Zesummenhang vill Luef vun nationaler wéi och vun internationaler Säit.

De Bericht vum Sekretär gouf eestëmmeg guttgeheescht.

Keessebericht 2008

De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d’finanziell Situatioun vun der Sektioun. Hien ass stolz fir kënnen eng gesond Kees ze präsentéieren. Nodeems, dass d’Keesserevisoren (JJ. Baustert, N. Steyer, F. Gira) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d’Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d’Décharge fir 2008 gin.

Keesseresvisoren 2009

Jean-Jacques Baustert, Norbert Steyer, Fernand Gira

Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen

      • De Robi De Sousa hat am Laf vum Joër Informatiounsversammlungen ofgehal a gewisen wéi ee gutt Monturen baut. Obschon nët immens vill Leit dovu profitéiert hun, gouf beschloss dat och an Zukunft weider z‘offréieren. De Steve Schaaf hëlleft him dobäi.
      • De Pierre Reichling, kommentéiert d’Organisatioun an d’Resultat vum der WM 2008 zu Blankenberge
      • De John Palgen, Kapitän vun der Equipe déi op der Coupe des Nations matgefëscht huet, mecht e klenge Rapport iwwer de Verlaf vun dësem Concours.

Cotisatiounen 2009

De Memberbäitrag fir 2009 bleiwt 20 €.

Comité 2009

Biver André, De Sousa Robi, Gantenbein Lars, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Reichling Pierre, Resch Claude, Schaaf Steve, Schenk Paul, Zangerlé Gilbert. D’Chargen gin an der 1ter Versammlung verdeelt.

Wuert vum President vun der F.L.P.S. , Gusty Graas

De Gusty Graas huet der Sektioun fir hieren beispillhaften Asatz a gutt Organisatioun felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d’Sektioun geféiert gët. Och hien hiewt nach emol erfir, dass de Marcel Schumacher mat séngem Devouement a joviale Charakter d’Sektioun markéiert huet an séng positiv Spueren fir ëmmer hannerloos huet.

Mat Angscht gesäit hien wéi eis Gewässer ëmmer méi a Gefor sin. Hiobsbotschaften erreechen eis bal Dag fir Dag. Duerfir ass et emsou méi wichteg, dass all Fëscher och séng Responsabilitéit hëllt a mat aller Energie dozou bäidréit, dass mir nach laang eisem Hobby nogoë kënnen.

Laureaten 2008

Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft, der Coupe „AquaZooPêche“, d’25 an déi 10‑jähreg Memberen fir hier gutt Resultater 2008 an hieren langjähregen Asaatz felicitéiert.

Programm 2009

De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2009 vir.

Interpellatiounen

      • Den Henri Jungers hat gefrot fir an Zukunft net méi op de Landesmeeschterschaften d’Köder virzeschreiwen, d. h. jiddvereen kann déi Köder matbréngen déi hie wëllt.

Dëst gouf ofgeleent mat den Argumenten, dass op Internationale Concouren dat emmer esou gemat gët an et méi gerecht ass, wa jiddvereen mat de selwechten Ködere fëscht. Et muss een awer op bleiwen fir e beschen mat eise Köderen ze wiesselen a nët ëmmer just eng Zort ze bestellen.

      • An enger zweeter Interpellatioun freet hien fir an Zukunft nët méi d’Längt vun de Fësch ze mosssen, mais d’Gewiicht ze huelen.

Hei gouf bemiert, dass souwisou all Fësch muss wéinst der Mindestmoos gekuckt a gemoost gin, also mir doubel Aarbecht hun. Ausserdem kann ee schlecht, wéinst dem Gewackels, op de Booter weiën. Et muss een also bis am Hafen waarden. Do däerf een séng Fësch awer nët méi botzen! Also misst een de Fësch ongebotzt mat heem huelen. Well mir awer mindestens 3 Stonnen ewech wunnen, ass dëst nët méiglech, speziell am Summer. Aus dëse Grënn gouf och dëss Interpellatioun nët ugeholl.

Diskussioun

De Sekretär deelt der Versammlung mat, dass d’ganzt Joer de Cabillaud an der Belsch 50 cm muss hun an dass ee maximal 20 kg Cabillaud + Bar pro Dag a pro Fëscher däerf fänken.

Schlusswuert

No enger klenger interessanter Diskussioun huet de President André Biver de Fëscher eng gutt Saison 2009 gewënscht an d’Versammlung ofgeschloss.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU