logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2013

Rapport vun der 34. Generalversammlung

13. Januar 2013

image
Les lauréats 2012
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
image
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9

 

1. Begréissung duerch de President

De President André Biver heescht all Leit déi op D’Generalversammlung komm sin wëllkomm an entschellegt fir d’alleréischt déi, déi nët komme konnten. Haaptsächlech den FLPS-Präsident Jos Scheuer, dee wéinst dem Doud vun sénger Mamm net do wor. Am Num vun der ganzer Sektioun seet hien hiem säin opriichtegt Bäileed. Hien entschellegt och de Pierre Biever, de Generalsekretär vun dem Weltverband FIPS-M.

No enger Gedenkminutt un all d‘Memberen a Sympathisanten, déi am leschte Joer gestuerwe sin, huet hien d’Versammlung opgemat.

Hien huet e beschen d’Aktivitéiten, déi mir am leschte Joër haten ervirgehuewen an jiddverengem e grousse Merci gesot, fir déi vill Aarbecht, déi am Joer 2012 geleescht gin ass.

2. Aktivitéitsbericht 2012

De Sekretär Gilbert Zangerlé hat der Versammlung de schrëftlechen Aktivitéitsbericht vum  Joer 2012 virgeluegt. Hien ass duerfir net méi op d’Eenzelheeten agaang. Mais ganz besuergt huet hien op eis schwindend Memberszuel higewisen. A knapps 3 Joer hu mir d’Halschent vun eisen aktive Memberen verluer. Mir mussen onbedengt d’Ursaachen vun dëser Situatioun genee ennersichen an eis serieux Gedanken doriwwer maachen wéi mir dat erem redresséiert kréien. Et ka net sin, dass mir bei eisen Aktivitéiten just nach kucken fir esou mann wéi méiglech Defizit ze maachen.

Sin eis Aktivitéite falsch? Gi paralell ze vill Sortien privat organiséiert? Ass et eng finanziell Geschicht? Wat ass d’Missioun vun der Sektioun? …. Vill Froen drängen sech hei op.

3. Keessebericht 2012

De Keessier Claude Resch presentéiert de Bilan 2012. Wa mir de Moment mat der Kees gutt do stin, an eis Kees equilibréiert ass, dann ass awer kloer ze gesin, dass wa mir verschidde Subsiden ewech rechnen lues a lues eis Reserven opgebraucht gin.

D’Keeserevisoren haten Samschdes den 12. Januar d’Konte kontrolléiert an hu bestätegt dass d’Kees impeccabel gefouert gin ass. De Norbert Steyer huet duerfir d’Versammlung gebieden dem Tresorier d’Décharge fir 2012 ze gin. Dëst gouf och dunn per Acclamatioun gemat.

D’Keeserevisoren: Baustert Jean-Jacques, Gira Fernand a Steyer Norbert hun och hier Kandidatur fir 2013 gestallt a goufen eestëmmeg guttgeheescht.

4. Rapporten vun den Traineren an de kapitänen vun de verschiddenen Equipen

Fir d’éischt hun d’Traineren (De Sousa R. fir Bootsfëscherei an Hansen JP. fir Surf-Casting) hiere Rapport iwwer d’Aktivitéiten am Laaf vum Joër gemat. Duerno hun de Micucci Giovanni, Kapitän fir WM 2012, de Resch Claude, Kapitän fir EM 2012 an de Palgen John, Kapitän CN 2012 kuerz Berichter iwwer de Verlaf vun dëse Concoure viergelies an d’Resultater vun eise Fëscher kommentéiert.

5. Cotisatiounen 2014

Fir d’nächst Joer loosse mir d’Cotisatiounen op 25 €

6. Neiwahl vum Comité

Ausser den austriedenden an eremwielbare Memberen (Biver A., Zangerlé G.,Resch C., De Sousa R.) haten 2 Leit (Maraschin Ralph an Lang Christophe) hier Kandidatur gestallt. Well mir awer just 5 Leit gebraucht hun, goufen du Wahlen organiséiert. Hei goufen déi al Comitésmemberen bestätegt an nei eran koum de Maraschin Ralph. Esou dass de Comité fir 2013 sech folgendermoossen zesummesetzt.: BIVER André, DE SOUSA Robert, HANSEN Jean-Pierre, MARASCHIN Ralph, MICUCCI Giovani, PALGEN John, RESCH Claude, ROYER René, SCHENK Paul, ZANGERLE Gilbert.

D’Chargen gi laut Statuten am 1. Comité verdeelt.


7. Programme 2013

De Sekretär presentéiert de Programm 2013. Mat e beschen Variatioun z.B. eng länger Rees a Polen an 2 Fahrte mat de Jachten gëtt probéiert d’Leit erem e beschen méi ze motivéieren fir mat der Sektioun matzegoen.

                     13                janv.                   Assemblée Générale (Bieréng)

                     23                 févr.                   Stella Bel (Coupe AquaZooPêche)

                  23-24             févr.                   Exposition Diekirch

                     1-3               mars                  Exposition Mersch

                   8-11              mars                  Surf-Casting

                     1-6               avril                   Leba Pologne

                     20                avril                   Neeltje Jans (Coupe R&S Fishing)

                   9-12               mai                    Coupe des Nations (Blankenberge)

                     1-2                juin                    LM1 + LM2 (Colijnsplaat)

                     15                 juin                    Jachts Colijnsplaat

                  22-29              juin                    EM (leurres artif.) Leba Pologne

                     10                 août                   Neeltje Jans (Maquereaux)

                   7-14               sept.                   WM (Bateau) Setubal Portugal

                       5                   oct.                    Jachts Blankenberge

                  26-27              oct.                    LM Surf-Casting

                  16-17              nov.                   LM3 + LM4 (Colijnsplaat)

                  23-24              nov.                   Exposition Steinsel

                   30-1                déc.                    LM5 + LM6 (Colijnsplaat)

                     14                  déc.                    Neeltje Jans

8. Diskussioun

Presse:Mat Bedaueren gouf festgestallt, dass kee vun der Presse op eis Generalversammlung komm wor. Spigelt dat den Image an d’Wichtegkeet vun der Sportfëscherei allgemeng zereck?

Tagesfahrten:An Zukunft leë mir eis net direkt op eng Feschereiart fest. (Wrackfëschen oder Sandbänkefescherei), mais mir schwätzen kuerz vidrun mat dem Skipper a fueren dann dohin, wou d’Chance am Gréissten ass, fir Fësch ze fänken. D’Memberen kennen dann e puer Deeg virun der Sortie um Internet, op eisem Site, noliesen oder kennen sech per Telefon bei engem Comitésmember informéieren.

Polen:Fir Ouschteren, wou mir eng Fahrt a Polen geplangt hun, schecken mir direkt eng Invitatioun un eis Memberen eraus. Wa Leit interesséiert sin fir matzegoen, musse mir kucken wéi mir dat organiséieren. Mat Minibus, Privatauto, ….

No enger konstruktiver a frëndschaftlecher Diskussioun huet de President André Biver d’Versammlung opgehuewen an alle Memberen a Sympathisanten en erfollegräicht Joer 2013 gewënscht.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU