logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

Assemblée Générale 2007

RAPPORT VUN DER 28. GENERALVERSAMMLUNG

14. Januar 2007

image

Présences: 35 Mêmberen vun der Sektioun

Begréissung duerch de Präsident Marcel Schumacher

De Präsident begréisst häerzlech all Mêmberen a Frënn vun der sektioun Pêche en Mer a speziell deVertrieder vum Zentralvirstand (FLPS) Victor Ewen an de Vertrieder vun der Gemeng Miersch Henri Krier. Hien entschellegt de Präsident vun der Federatioun Gusty Graas, de Vizepresident Pierre Biever an de Vertrieder vun der FLPS am Comite vun der Sektioun, de Pierrot Mertens.

Gedenkminutt un all d’Vertuerwen vun der Sektioun

No der Begréissung bied de Präsident d’Versammlung opzestoen fir un all verstuewe Kollegen ze gedenken. Speziell ernimmt hien de Fëscherkolleg Françis Albrecht, eelzte Mêmber a vun Ufank un derbäi. De Françis ass de leschten Dezember gestuerwen.

Aktivitéitsbericht 2006

De Sekretär Gilbert Zangerlé leet der Versammlung de schrëftleche Bericht iwwer all d’Aktivitéiten, déi d’Sektioun am Laaf vum leschte Joër hat vir. Dëse Bericht gouf eestëmmeg guttgeheescht.

Keessebericht 2006

De Keessier Claude Resch mecht de Rapport iwwer d’finanziell Situatioun vun der Sektioun. Hien ass stolz fir kënnen eng gesond Kees ze präsentéieren. Nodeems, dass d’Keesserevisoren (JJ. Baustert, N. Steyer, F. Gira) der Versammlung matgedeelt hun, dass sie eng impeccabel Kees kontrolléiert hun, wou alles genau a mat Suergfalt gefouert gouf, huet d’Versammlung eestëmmeg dem Tresorier d’Décharge gin fir 2006.

Cotisatioun 2007

Et get festgehal, dass d’Cotisatioun 2007 d’selwecht bleiwt (20 €)

Erneiereung vum Comité

De Paul Schenk zitt sech aus perséinleche Grënn aus dem Comité zereck. De Präsident seet dem Paul villmols Merci fir déi vill a gutt Aarbecht, déi hien am Comité gemat huet.

Hie gëtt ersat duerch de René Royer.

Zesummesetzung vum Comité 2007: Abbruscato Vincenzo, Biver André, De Sousa Robi, Hansen Jean-Pierre, Palgen John, Reichling Pierre, Resch Claude, Schaaf Steve, Schumacher Marcel, Royer René an Zangerlé Gilbert.

D’Chargen gin an der 1ter Versammlung nei verdeelt.

Erneiereung vun de Keeserevisoren

D’Keesserevisoren, JJ. Baustert, N. Steyer, F. Gira hun hier Kandidatur fir 2007 erem gestallt. Sie goufen eestëmmeg ugeholl.

Bericht vum Trainer (Bootsfëschen) a vun de Kapitänen vun de National-equipen

De Robi De Sousa erkläert e besschen d’Roll an d’Wichtegkeet vum Trainer. Hie gesäit sech net nëmmen als Trainer a Beroder vun den Equipen, mais och als Ulafpersoun fir nei Mêmberen, déi sech iwwer d’Material, Techniken asw. wëllen informéieren. Hien hat am Laaf vum Joër 2006 verschidde Versammlungen mat den Equipen (Weltmeechterschaft a Coupe des Nations) ofgehal. Speziell a Portugal huet hien eng gutt a wichteg Aarbecht gemat

De Marcel Schumacher, Kapitän vun der Equipe déi a Portugal (Setubal) op d’WM gaang ass huet e kuerzer Bericht iwwer d’Organisatioun an de Verlaf vun der Weltmeeschterschaft 2006 gemat.

Den André Biver, Vertrieder vun der Sektioun op der „Coupe des Nations“ zu Neeltje Jans (Holland) huet de Verlaf vun dësem Concours kommentéiert.

Wuert vum Vertrieder vum Zentralvirstand

De Vic Ewen, huet der Sektioun am Num vum Zentralvirstand vun der FLPS felicitéiert. Hie weist sech erfreet fir ze gesin wéi kollegial d’Sektioun geféiert gët a wéi korrekt an offen diskutéiert gëtt.

Laureaten 2006

Mat enger klenger Éierung kruten déi Beschtklasséiert vun der Landesmeeschterschaft, der Coupe „AquaZooPêche“ an d’10­‑jähreg Mêmberen hier gutt Resultater 2006 felicitéiert.

Programm 2007

De Sekretär stellt der Versammlung de Programm 2007 vir. Nei sin dëst Joër 2 Fahrten op Maasluis (Holland). De Gilbert Zangerlé erkläert der Versammlung och wéi dëst Joër d’Landesmeeschterschaft organiséiert ass. Dëss Bestëmmungen kruten all Mêmberen schrëftlech gescheckt.

Web-site „Section Pêche en Mer“

De Sekretär deen och den Internetsite vun der Sektioun mecht huet kuerz de Site beschriwwen an nach emol den Opruff gemat Bäitreg ze liwweren. Nëmmen esou kann e Site lieweg a vielsäiteg bleiwen.

Diskussioun

De Virschlag, fir d’Championnat fir d’Veräiner gläichzäiteg mat enger Tagesfahrt ze fëschen get nach emol opgegraf. Am éischte Comité gët d’Realisatioun vun dëser Propose analyséiert an diskutéiert.

Schlusswuert vum President Marcel Schumacher

Zum Schluss seet de President Marcel Schumacher alle Mêmberen, Frënn a Sponsoren villmols merci a wënscht hinnen en erfollegräicht Joër 2007.

 

de Sekretär
Gilbert Zangerlé

Wort
Wort-AG2007

Assemblées générales

  • Assemblée générale 2024
  • Assemblée générale 2023
  • Assemblée générale 2022
  • Assemblée générale 2021
  • Assemblée générale 2020
  • Assemblée générale 2019
  • Assemblée générale 2018
  • Assemblée générale 2017
  • Assemblée générale 2016
  • Assemblée générale 2015
  • Assemblée générale 2014
  • Assemblée générale 2013
  • Assemblée générale 2012
  • Assemblée générale 2011
  • Assemblée générale 2010
  • Assemblée générale 2009
  • Assemblée générale 2008
  • Assemblée générale 2007
  • Assemblée générale 2006
  • Assemblée générale 2005

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU