Ausfaart 11 Mäi 2024
Neeltje Jans
23 Fëscher hunn sech fonnt fir di zweeten Ausfaart vum Joer ze Fëschen.
Op dëser Ausfaart hunn sech mol erëm eng kéier Juniore fonnt déi di éischte kéier mat Fësche gaangen sinn.
An dat waren : Speidel Tom, Speidel Joel an de Schwind Dario.
Um end vum Dag ware si ganz begeeschtert an hunn och gesot si géifen an Zukunft gären erëm mat Fësche goen.
Ziel war erëm Neeltje Jans an Holland.
Wieder huet sech vu senger beschte säit gewisen an et ware kaum Wellen.
Op der éischter Wrack hunn mir ganz séier a vill Fësch gefaangen awer leider keng Kabeljauen di mooss haten.
Tacauen waren awer zimmlech grouss di mir gefaangen hunn.
Makréilen a Chincharen hunn mir och gefaangen a keng klenger,et ware ganz schéin Exemplaren dobäi wéi der et op de Fotoe kënnt gesinn.
Wéi et mi roueg ginn ass,hu mir et op eng aner Wrack probéiert an dat mat vill Erfolleg.
Et goufe schéin Fësch gefaangen ginn a souguer Kabeljau , Polacken a ganz deck Tacauen.
Um en vun Dag , ware Fëscher ganz zefridden.
Ech soen de Fëscher en decke Merci fir hier Participatioun.
Ech ginn Eech rendez-vous de 6 Juli fir Makréilefaart.
Micucci Giovanni
Präsident
Section Pêche en mer