logo
  • Accueil
  • La section
    • Structure
    • Comité
    • Status
    • Règlement
    • Assemblées Générales
  • Historique
    • 25 ans Section PeM
    • 40 ans Section PeM
  • Programme 2024
  • Contact
  • Devenir membre
  • Championnats
    • Championnat national (Bateau)
    • Championnat national (Leurres artificiels)
    • Championnat du Monde
    • Championnat d'Europe
  • Concours
    • Coupe des nations
    • Coupe Will Helbach
    • Coupe AquaZooPêche
    • Coupe RS Fishing
    • Polnische Meisterschaft
  • Météo
    • Image Satelitte
    • Echelle Beaufort
    • Neeltje Jans
    • Blankenberge
    • Euro Platform
    • Marina Vlissingen
    • Domburg
  • Divers
    • Tailles légales
    • Best Off
    • Réportages
    • Nos sponsors
    • Pêche électrique (Pulse Fishing)

WM 2024 CORK

59ten WM Boot Fëschen Cork Irland

21.10.2024 Bericht vum Rom Weydert

1. Equipe

  • Henri JUNGERS
  • René ROYER (kann leider net mat aus gesondheetlëchen Grënn)
  • Andreas MEYER
  • Änder STEMPER
  • Rom WEYDERT
  • Tessy SCHROEDER                 

Den Planning ass den Folgenden:

  • Di. 08.10.   Départ zu Lëtzebuerg
  • Mi. 09.10.   Arrivée zu Cork
  • Do. 10.10   1. Training
  • Fr. 11.10     2. Training
  • Sa. 12.10.   fräien Dag
  • So. 13.10.   Opening an 1. Captain’s meeting
  • Mo. 14.10.  Offiziellen Training ënner Wettkampsbedingungen (Resultater zielen, wann et keng 3 Deeg Competitioun sollt gin)
  • Di. 15.10.    1. Dag vun der Competitioun
  • Mi. 16.10.    2. Dag vun der Competitioun
  • Do. 17.10.   3. Dag vun der Competitioun
  • Fr. 18.10.    Réserve Dag, oder Visite vun Whisky-Distillerie
  • Sa. 19.10    Départ vun Cork, Fähr 16h00
  • So. 20.10    Arrivée zu Lëtzebuerg

2 Transfert op Cork

Départ den 08.10 géint 6h00 mat geléintem Bus vum COSL, Tessy an Änder mat hirem Bus.

Trajet bis op Roscoff (ca. 1000 km) an der Bretagne, vun do mat der Fähr (14h) bis op Cork. Alles verleeft wéi geplangt an mir kommen moies géint 9h30 (lokal Zäit) zu Cork un.

Hotel ass zu Carrigalane, ca. 5 km vun Cork. Klengen Tour duerch Carrigalane, kuerz Visite zu Cork an den Dag geet zu Enn mat Owendiessen am Hotel. Zweschenduerch Viirbereedung vun onsem Material.

 

3. Training an offiziell Eröffung vun der WM

Mir fueren dann Donneschdes an den Hafen vun Crosshaven, ca. 5 km vum Hotel gelee’en. Mir hun gudd Wieder, e grousst Boot an en zimlech teilnamslosen Captain … fänken och e puer Fësch …

Owens iessen mir erëm am Hotel. Entretemps sin och déi meescht aner vun denen 13 Equipen am Hotel ukomm.

Freides ass 2. Training op engem klëngen Boot mat sympateschen Captain Pio, den eis vill iwert déi lokal Fëscherai kann weisen an erzielen…alles bei super Wieder an gudder Ambiance. Wien huet dann gesot, an Irland géif et ëmmer reenen?

Samschdes hun mir keen Training, dofir awer Besuch bei dem lokalen Tackle Shop … tradition oblige. Owens ass den 1. Dinner mat den Vertrieder vun den aneren Natiounen zesummen am Hotel.

Sonndes 10h00 ass Captains Meeting am Hotel, vun onser Equipe ass dat den Rom Weydert.

Ab 16h00 dann offiziell Eröffnung vun der WM. Insgesamt mat 13 Natiounen. Weinst schlechtem Wieder ass déi ganz Manifestatioun am Hotel.

  

 

 

Offiziellen Training an Competitioun

Méindes 14.10.24 ass den offiziellen Training. Ab dëser WM fënnt den Training ënnert den Conditiounen vun der Competitioun statt, dat heescht, dat déi eenzel Natiounen net méi wéi üblech zesummen op engem Boot fëschen. Wann weinst schlechtem Wieder keng 3 Deeg Competitioun sin, gin d’Resultater vum Training mat gewert.

Fir Cork ass den Risiko awer kleng, dat en Dag Competitioun géif ausfalen. Mir betruechten den Dag dann och als rengen „Training“ an ons Resultater sin net wirklech fir ze weisen … alles nom Motto: et kann nëmmen nach besser gin.

Op all Boot sin 8 Fëscher, gezielt gëtt d'Plazéierung vun den Fëscher op dem jeweilegen Boot. Bei 5 Fëscher zielen d’Resultater vun denen 4 bäschten. Mir hun domadder e klengen Nodeel, wëll mir nëmmen zu 4 an der Equipe sin.

Gefëscht gett vun moies 9h30 bis 15h00, jeweils 4 Manchen à 75 min mat 10 min Wiesselzäit.

Dag 1 Competitioun, Dënschdes 15.10.24

Resultater no dem 1. Dag Competitioun … mir hun eis emol dezent am Hannergrond orientéiert ... Hei jeweils den Extrait aus den offiziellen (viirleefegen) Resultater aus Eenzel- an Equipen-Wertung. Mat 3x7. an 1x8. Mir gin domadder mat der Equipe déi 13. vun 13.

Dag 2 Competitioun, Mëttwoch 16.10.24

Den 2. Dag hun mir emol probéiert, ze attakéieren, 10. vun 13 um 2. Dag, den Heng als 5. mat enger excellenter 26. Platz.

 

Als Equip réckelen mir am Gesamtklassement op déi 12. Platz no vir, ganz knapp hannert der Schweiz an Montenegro.

 

 

Dag 3 Competitioun, Mëttwoch 17.10.24

An der Zone an der mir fëschen ass esou eng stark Stréimung, dat onst Material e bessi ze liicht ass. Mir hun fir dës Bedingungen leider net dat richtegt Material matgeholl. An der 3ter an 4ter Manche sin och 500g Blei un der Montur ze wéineg.

Zudem hun mir e bessi Pech mat der Auslousung op den Booter… den Rom huet mat 32 Fësch zwar déi meescht vun der Equipe, ass awer trotzdem op sengem Boot nëmmen den 8ten gin.

 

 

Als Equipe gin mir dann och um 3. Dag nëmmen déi 13.

Mir bleiwen domadder am General am Schlussklassement op der 12. Platz hänken, ganz knapp virun Däitschland. Am Eenzel hun mir d’Plazen 40 fir den Änder, 41 fir den Heng, 47 fir den Rom an 57 fir den Andreas.

 

 

Mir bleiwen domadder am General am Schlussklassement op der 12. Platz hänken, ganz knapp virun Däitschland. Am Eenzel hun mir d’Plazen 40 fir den Änder, 41 fir den Heng, 47 fir den Rom an 57 fir den Andreas.

Nach e puer Foto‘en mat Andréck vun enger Flotter WM zu Cork

Visite vun der Jameson Distillery zu Midleton

Andréck vum Hafen, den Booter an den Fëscher …

Championnats du Monde (Bateau)

  • 2024 Cork
  • 2023 Novigrad
  • 2022 Albufeira
  • 2021 Montenegro
  • 2019 Gallipoli (I)
  • 2018 Setubal (P)
  • 2017 Sali (CR)
  • 2016 Tivat (M)
  • 2015 Bundoran (IR)
  • 2014 Weymouth (E)
  • 2013 Setubal (P)
  • 2012 La Rochelle (F)
  • 2011 Livorno (I)
  • 2010 Budva (M)
  • 2009 Pornichet (F)
  • 2008 Collinjsplaat (NL)
  • 2007 Blankenberg (B)
  • 2006 Setubal (P)
  • 2005 Weymouth (E)

Liens utiles

  • Contact
  • Devenir membre
  • Règlement
  • Nos sponsors
  • Sportfëscherveräin Kirchbierg

Championats

  • Championnat national (Bateau)
  • Championnat national (Leurres artificiels)
  • Championnat du Monde
  • Championnat d'Europe

Concours

  • Coupe des nations
  • Coupe Will Helbach
  • Coupe AquaZooPêche
  • Coupe RS Fishing
  • Polnische Meisterschaft

Météo

  • Météo Neeltje Jans
  • Blankenberge
  • Euro Platform
  • Marina Vlissingen
  • Domburg

Newsletter

Abonnieren Sie sich für unsere Newsletter

Copyright © 2023 - Section pêche en mer de la F.L.P.S.

Webdesign by 3W.LU