WM 2023 NOVIGRAD KROATIEN
Eis Equipe besteet aus:
Royer René, Stemper André, Hansen Jean-Pierre an Micucci Giovanni (Kapitän), Tessy Schröder ass eis Begleitpersoun.
De Jemp ass well Samschdeg den 23ten September an Novigrad ukomm an huet sech Situatioun op der Platz gemittlech ugekuckt.
Tessy an den André sinn e Mëttwoch ukomm, wéi och den René an Giovanni.
Mir sinn an zwee Mobilhomen op engem Camping ënnerbruecht, wat net ganz weit vum Hafen läit.
D’ Wieder weist sech vun der beschten Säit.
Gester an haut war et 30 Grad. Schéine Bonjour op Lëtzebuerg!!
Haut hate mir dann och eisen éischten Trainingsdag mat Bescheidenen Resultater. Et sinn net vill Fësch do an wann en puer Fësch un Bord hieft, sinn et och keng ganz grousser.
Mir haten +/- 60 Fësch zesummen.
Muer fuere mir bëssi méi wäit eraus, an der Hoffnung dass mir méi Fësch op eisem Kont kënnen zielen.
29.09.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Wéi schonn gëschter ugekënnegt, hate mir haut den zweeten Trainingsdag. Haut hunn mir méi déift Waasser ugepeilt an der Hoffnung fir méi Fësch ze fänken, an méi schéin Exemplaren u Bord ze hiewen.
Den Anker huet nach net de Fong beréiert, an schonn ass et lass gaang mat den Touchen. Doubletten an Tripletten waren keng Seltenheeten.
Esou konnten mir +/- 380 Fësch um Enn vun eisem zweeten Trainingdag zielen.
Et war en ganz erfollegräichen Fëscherdag fir eis gewiescht. Esou kann et weider goen.
Muer hu mir den drëtten Trainingsdag. Mir fueren muer un d’ Grenzen vun den Compétitiouns Secteuren, wat déi selwecht Waasserdéift ass wéi haut, an der Hoffnung vill Fësch ze fänken.
30.09.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Haut haten mir eisen Drëtten Trainingdag.
Mir hunn eis getraut un de Grenzen vun den Competitiouns Zonen ze fëschen, fir eng Iddie ze kréien wat an denen Zonen gefaangen gëtt.
Mir hunn ganz vill Fësch gefaangen +/- 400 Fësch wat mir net erwaart haten, et waren och ganz vill moosseg Fësch dobäi.
Dat versprécht dass mir fir WM ganz vill Fësch wäerten fänken. Mir sinn gutt preparéiert an Stëmmung an der Equipe ass gutt. Elo feelt nach just e gutt Resultat.
Muer ass déi offiziell Erëffnung vun der WM an och eng kleng Pause fir eis.
01.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Haut war et dann esou weit. Déi offiziell Erëffnung vun der 58ter WM an Boot Fëschen Novigrad Kroatien.
Haut konnten mir ausschlofen Wat och jiddereen vun eis gebraucht huet.
Um 10.00 Auer war Kapitän’s Meeting, wou Platzen gezunn gi sinn. Et ass keen verschount ginn.
Mir hunn alleguer en schwéieren Stand, respektive Boot an dat déi dräi Deeg. Mir sinn gutt preparéiert an brauchen keng Angscht ze hunn. Mir hunn nach haut profitéiert un eisem Material ze schaffen.
Muer ass den offiziellen Trainingdag an do wollten mir eis Technik an Material op Prouf setzen.
02.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Haut haten mir eisen offiziellen Trainingsdag den an der Trainingszone gefëscht ginn ass. Et war ze erwaarden dat net vill Fësch gefaangen ginn, well déi Zone net wäit vum Hafen ass, a mir Erfarung gemaacht hunn, dat Fësch méi wäit eran am Mier sinn. 62 ganzer Fësch haten mir no dem Fëschen op der Lee, wat net vill war. Mir hunn eis awer net demotivéieren gelooss an hunn den Trainingsdag mat engem Besuch op der Terrasse ofgeschloss. Dat muss och Mol sinn.
Mir hunn bis an den spéiden Owend eran um Material geschafft. Mir sinn gutt virbereet fir den éischten Compétitiounsdag.
Eis Begleetpersoun Tessy huet vum Dag profitéiert an huet eng Bootsfahrt matgemaacht. Biller schwätzen fir sech.
Merci an bis Muer, an der Hoffnung Iech e gutt Resultat matzedeelen.
03.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Wéi schonn ugekënnegt hate mir haut eisen Éischten Compétitiousdag.
Fir en puer Iwwerraschungen hu mir gesuergt. De René huet säin Boot gewonnen an dat mat ganz bekannten an Erfuerenen Fëscher wie Bayo a Struna déi de René als Konkurrenz hat. Dat sollt heen awer net erschrecken an einfach Mol als Éischten am Nomëtteg vum Boot eraus Klammen. Jo esou kann et Mol ganz séier goen an der Fëscher Welt. An der Eenzelwertung positionéiert de René op du Excellenter 10te Platz.
Ech hunn de Moien gutt ugefaangen, an nom zweeten Duerchgang sinn ech a Féierung gaangen, an hat op mengem Boot wou Keen aner drop war wéi den véier- fachen Weltmeeschter Volpini Paolo. Et sollt net sinn, awer an deenen zwou leschten Manchen huet Konkurrenz mech iwwerholl an sinn zum Schluss op ganz wéineg Grammen op der Platz 4 an der Gesamtwertung op Platz 38 gelant. D’Enttäuschung ass grouss. Mee bon dat ass esou an der Fëscherei.
Muer hunn ech den Volpini erëm un Boot an do ass et dann erëm Zäit eppes besser ze maachen. Den André hat net esou vill Chance an ass 6ten op sengem Boot ginn, an domat Platz 52 am Gesamtklassement ageholl.
Esou wéi och de Jemp, den och net esou vill Chance hat, koum op Platz 6 um Boot an domat op Platz 56 an der Gesamtwertung.
Iwwerraschend si mir an der Landeswertung déi 9ten ginn an dat virun der Belsch, Slovenien, an iwwerhaapt Iwwerraschung vum Dag war, dat Frankräich op der Schluss Tabelle ze fannen war.
Et muss en bedenken dat mir nëmmen zu véier Fëscher sinn, an kee Sträichresultat hunn.
Muer gi mir erëm alles an der Hoffnung en gutt Resultat ze maachen.
04.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Haut hate mir eisen zweeten Compétitiounsdag .
Haut ass et net esou gelaf wéi erwaart. De René, André an Jemp hunn e Boot erwëscht wou ganz wéineg Fësch gefaange goufen. An dem Fall kann wéineg Fësch ganz vill en Ënnerscheed maachen.
An eisem Fall war Chance haut net op eiser Säit. Och domat muss en Liewen. De René an de Jemp sinn net iwwert déi 6ten Platz op hirem Boot komm, an domat Platz 53 an 58 an der Eenzelwäertung komm.
Den André huet et awer fäerdeg bruecht en Konkurrent aus San Marino hannert sech ze loossen, an domat Platz fënnef op sengem Boot an Platz 53 an der Eenzelwäertung.
Ech hat dann haut och e schwéiert Boot gehat, an der Hoffnung wéinstens eng dräi op mengem Boot ze erreechen. Mat 123 Fësch hunn ech haut mäin Ziel erreecht. Drëtten op mengen Boot ze ginn an domat 23ten an der Eenzelwäertung.
Wat Natioun ‘s Klassement ugeet, hu mir haut e bëssen gelappt, awer trotzdeem net déi lescht ginn. Platz 11 fir Team Lëtzebuerg.
Muer hu mir wëlles nach eppes gutt ze maachen an ënnert topp 10 ze kommen. Weider Resultater fann Dir ënnert https://www.fips-m.org
05.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Den André huet et awer fäerdeg bruecht en Konkurrent aus San Marino hannert sech ze loossen, an domat Platz fënnef op sengem Boot an Platz 53 an der Eenzelwäertung.
Ech hat dann haut och e schwéiert Boot gehat, an der Hoffnung wéinstens eng dräi op mengem Boot ze erreechen. Mat 123 Fësch hunn ech haut mäin Ziel erreecht. Drëtten op mengen Boot ze ginn an domat 23ten an der Eenzelwäertung.
Wat Natioun ‘s Klassement ugeet, hu mir haut e bëssen gelappt, awer trotzdeem net déi lescht ginn. Platz 11 fir Team Lëtzebuerg.
Muer hu mir wëlles nach eppes gutt ze maachen an ënnert topp 10 ze kommen. Weider Resultater fann Dir ënnert https://www.fips-m.org/
Gëschter hate mir dann den drëtten Dag vun der WM am Boot Fëschen an domat och den leschten Dag vun der Competitioun.
Dir huet sécher gemierkt dat gëschter kee Bericht komm ass. Stëmmung an der Equipe ass zwar gutt, awer d’ Resultat net. Dofir hunn ech de Moien mäin ganzen Mutt geholl Iech de Bericht vun gëschter awer nach matzedeelen.
Et hätt net sollen sinn, mee gëschter war et net gutt gelaf. Mir haten einfach keng Chance mat de Booter. Eis Booter hunn net vill Fësch gefaangen. Et sinn Booter gewonne ginn mat 10 Fësch, an anerer mat 150 Fësch, normal ass dat net.
Mee bon dat ass dann eben esou.
Am Dagesklassement ass den Jemp 47ten, de René 49ten, den André 52ten an de Giovanni 55ten. Eng batter Pëll déi méi en mussen ofschlécken, déi awer nach laang am Hals stiechen bleift.
Bei dem Resultat war och ze erwaarden dat mir am Klassement vun de Natiounen keen hannert eis gelooss hunn.
Schlusskassement vun der WM.
René | 37ten |
Giovanni | 38ten |
André | 51ten |
Jemp | 52ten |
Natiounen Klassement hu mir Platz 12 besat.
Mir sinn déi eenzeg Natioun déi et nëmmen kann besser maachen.
Mir sinn awer och déi Natioun déi nëmmen zu véier Fëscher waren, wat en groussen Nodeel war.
All Resultater fann Dir ënnert https://www.fips-m.org
06.10.2023 Bericht vum Giovanni Micucci
Ech wollt Iech awer nach vum Freideg Präisverdeelung an dem Ofschloss mat Gala Dinner berichten.
E Freideg war et dann mol erëm eng kéier wou mir eis konnten ausschlofen wat och ganz néideg war. Déi eng hunn Moies profitéiert d’ Fëschermaterial ze botzen, déi aner sinn op der Tour gaangen den de Veranstalter organiséiert huet.
Eng Stonn Sonn tanken war och Mol eng kéier dran. Owes si mir dann op Präisverdeelung gaangen. Medailen si verdeelt ginn , et ass giess ginn an dat war et op der Platz. Duerno si mir nach an den Hafen gefuer an hunn eis gemittlech op eng Terrasse gesat an hunn ee Réckbléck vun der WM gemaach.
Ech kann vun menger Säit an och am Numm vun deenen aneren soen, dat et eng schéin WM war. Mir haten super Wieder an d’ Stëmmung an der Equipe war super. Wéi schonn erwäänt war d’ Resultat ne dat wat mir eis erwënscht haten.
Mir hunn eist Bescht ginn, a virun allem eis Sektioun vertrueden an Lëtzebuerger Land wat eng Éier fir eis war.
Op dëser Platz well ech dann Profitéieren vun mir aus en Decken Merci un déi Leit déi op dëser WM matgemaacht hunn, an heimat en groussen Respekt ausdrécke well.
Wéi scho gesot, waren mir nëmmen zu véier Fëscher an am Virfeld schonn gewosst war wat fir eng Platz zum Schluss eis erwaarden géif. Déi éischt sinn Lokalmatadoren Kroatien ginn virun Italien an Montenegro.
Eenzelwäertung:
Éischten Ivan Galzin Kroatien, virum Volpi Marco an Sikiric Marco. Weider Resultater kënnt dir ënnert https://www.fips-m.org/
Gëschter moien si mir d’ Heemrees ugetrueden an sinn owes gutt heiheem ukomm. Tessy an de André verbréngen nach en puer Deeg an Tirol. Vu mir aus nach en merci déi, déi eis Daumen gedréckt hunn an eis eis Berichter no verfollegt hunn.
Dat war et dann fir WM am Boot’s Fëschen zu Novigrad a Kroatien 2023. Merci an bis geschwënn.
Giovanni
Kapitän
Team Lëtzebuerg