Coupe AquaZooPêche 2024
16. Mäerz 2024
Endlech war et erëm esou weit, di éischt Ausfaart vum Joer. 25 Fëscher hunn sech fonnt fir Coupe Aqua Zoo Pêche 2024 ze fëschen. Leider sinn e pour Fëscher krank ginn a konnten net matgoen. Vun hei aus nach eng gutt Besserung. Um 0.30 Auer hu mir de Bus zu Miersch geholl a sinn Richtung Holland gefuer. Ziel war Neeltje Jans wat de meeschten Fëscher bekannt ass. Mat engem Wellegang vun +-1,00-1,20 Meter sinn mir moies eraus gefuer. Wie mir op de Wracken waren huet sech Wieder berouegt a Wieder huet sech vu senger beschter Säite gewisen. Leider konnte mir schnell feststellen hat mir moies vill kleng Fësch gefaangen hunn. Mir hunn et da riskéiert méi weit ze fueren. Endlech konnten e pour Kabeljauen a Bord gehuewe ginn. Tacauen sinn och méi deck ausgefall a jiddereen huet fësch gefaangen. Am en vun Dag hu mir Fësch gewien.
Mat 14300 gr. (109 Fësch) konnt de Micucci Giovanni sech di éischte Platz sécheren fierum Espen Nico 13300 gr. a Valent Claudio 12300 gr.
Den décksten Fësch huet de Valent Claudio mat engem Kabeljau vun 1730 gr. Gefaangen.
E Grousse Merci un AquaZooPêche fir Coupen a Geschenker déi se zu Verfügung gestallt hunn.