WM 2022 Albufeira
Equipe Nationale 2022
MICUCCI GIovanni (Capitaine) ; JUNGERS Henri ; ROYER René ; SCHAAF Steve ; STEMPER André ; PADJEN Jessica (Réserve)
SCHROEDER Tessy (Accompagnatrice)
Rapports (Micucci Giovanni)
1. Trainingsdag (21.9.2022)
Gudden owend.
57ten Weltmesterschaft am Boot Fëschen Albufeira Portugal vum 24.09-01.10.
Equipe besteet aus.
Jungers Henri, Schaaf Steve, Stempel André, Royer René, Micucci Giovanni (Kapitän)
Accompagnatrice Stemper Tessy,Réserve Padjen Jessica.
Tessy an den Änder hun sech die Lang Reess fir an Algarve mam Auto opsich geholl an sin den 19ten Septembre zu Albufeira ukomm.
Steve, Henri, René, Jessica an Giovanni sin den 20ten Septembre mam Flieger geflunn. Jiddereen ass gudd ukomm an den Hôtel ass esou weit ganz ok wou mir ënnerbruecht sin.
Haut de Mëttwoch 21ten haaten mir den éischten Trainingsdag.
Wieder huet sech vun der Besster seit gewissen an Fësch Waren och um Rendez-vous .
Et gouden vill Sparideen gefangen an Räien waren och dobei.
Mir haaten haut en schéinen Traininsdag an vill Fësch, esou kann et weider goen.
Muer den 22ten hun mir den zweeten Trainingsdag. Mir probéieren dann och anner Waasser déiften an anner Monturen .
Ech melden mech dann muer erem eng kéier.
Bis muer (Giovammi Micucci)
2. Trainingsdag (22.9.2022)
Gudde Mettig.
Haut haaten Mir den zweeten Trainingsdag.
Gefëscht hun mir an méi Déiwen Waasser an mi Deck Monturen.
Fësch waren Haut net esou présent. Mir hun missen Fësch weit sichen goen .
Wéi mir et dann eraus haaten, hun mir och Fësch gefangen an konnten eisen zweeten Trainingsdag zefridden ofschléissen.
Fësch waren erem Wéi den éischten Dag Sparideen. Wieder ass gudd Fëschen war ok an Stëmmung ass angenehm.
Muer ass eisen Drëtten Trainingsdag, do probéieren mir an méi Niedigen Waasser mat méi dënne Monturen .
Bis muer (Giovanni Micucci)
3. Trainingsdag (23.9.2022)
Gudden Owend.
Haut haaten mir den drëtten Trainingsdag.
Wéi mir schon gester geplankt haaten , sin mir an méi niedegen Waasser fëschen gangen.
Vill Fësch hun mir gefangen, awer keng Punken op der Lee. Chinchard, Makréilen an Boga, wat op der WM keng Punkten bringt.
Wéineg Fësch déi gezielt hun an och nach vill ënnermosseg Fësch. Frustratioun war bei verschieden Fëscher ganz grouss.
No drei Stonnen Flaute sin mir dann mol endleg an mi déift Waasser Fëschen gaang an hun och bessi méi Fësch gefangen.
Jo, haut war et net esou einfach fir Punken ze sammlen.
All Dag ass et anneschters .
Och déi Deeg muss en Trainéieren an Fall wou daat an der Competitoun fier kënnt an sech dann mat wéineg Fësch zefridden muss gin.
Et ass bekannt daat wann Waasser méi dréif ass , beissen Fësch net esou gudd an daat war de Fall Haut.
Jo esou eng Deg get et och an dann muss en daat Bescht draußen machen. Daat hun mir och gemacht.
Muer ass Roudag, Zeit fir eis ze erhuelen an um Material ze schaffen. Ech melden mech muer erem Waat mir esou gesticht hun.
Bis muer (Giovanni Micucci)
4. Journée de Repos (24.9.2022)
Gudden owend.
Wéi gester well ugekënnegt , hun mir haut eng Paus punkto Fëschen gemacht. Daat muss et och sin well no drei Deg Fëschen Ass eng Paus néideg.
Die eng hun un hier Material geschafft an die anner hun profitéiert die Kulturell an Kulinarisch Entdeckungen vun Albufeira machen.
Muer ass die offizielle Ouverture.
Ech halen Ech um Lafenden.
Bis muer (Micucci Giovanni)
5. Ouverture (25.9.2022)
Gudden Owend.
Haut haten mir eisen zweeten Roudag an och die Offizielle Ouverture. Moies war dann och nach Kapitän Setzung wou nach verschidden enzel Détailer hun missen geklärt gin.Unschléissend war Auslousung vun de Booter an Fësch fir die drei Deg Compétitioun. Ausgerout hun mir eis och an hun och nach um Material geschafft. Muer Ass den Offiziellen Training wou mir dann och wëllen gudd vierbereed sin.
Ech melden mech Muer an Berichten eech wéi Fësch gebass hun.
Bis muer (Micucci Giovanni)
6. Offiziellen Trainingsdag (26.9.2022)
Gudden owend. Haut haten mir den Offiziellen Training. Gefëscht hun mir zweschen 08.00 an 14.00 Auer.
Fir éischten sin mir an niedegt Waasser Fëschen gangen. Daat war vun eiser seit die schwierigste Fëscherei fir eis geweest.
Mir hun eis gudd geschloen. Bessi méi Fësch hätten et kënne sin awe mir waren mat eisen Resultat zefridden.
Mir hun géint 12.30 platz gewieselt an hun méi déif Waasser gesicht. Mir hun konnten séier en pour Fësch fänken awer dun war et awer séier eriwer. Mir hun Fësch missten sichen an och mat Erfolleg konnten mir nach pour Fësch an Bord secheren.
Jo dat war et man Training. Muer Ass den éischten Competitioun‘s Dag.
Mir sin Prett an Material Ass préparéiert. Muer berichten Ech eech wéi den éischten Dag verlaaf ass.
Merci a bis muer. (Micucci Giovanni)
7. Éischten Dag (27.9.2022)
Gudden owend.
Haut war dann den éischten Compétitioun‘s Dag. Gefëscht ass an der Zone 3. An der Zone ass et zweschen 40 an 52 Meter déif.
No engem Technischen vierfallvun engem Boot,sin mir eréischt um 10.00 auer ukomm mat Fëschen. Och um Mer ass et esou daat Fësch besser moies fréi beissen. Déi Zeit déi en moies verléiert wann Fësch beissen , ass verluer.
Daat sollt awer keng Ursach sën fir eis net esou gudd Resultat.
René an Giovanni hun eng 4 gemacht vun 8 Fëscher, Henri eng 6 vun 8 Fëscher, Änder an Steve eng 7 vun 8 Fëscher op den jeweiligen Booter.
Enzelklassement:
René 34
Giovanni 36
Henri 49
Steve 56
Änder 58
Bei der Natioun‘s Klassement sin mir den éischten Dag die 11 von 13 gin.
Jo do ass nach vill Sput no uewen.
Muer Fëschen mir an der Zone de Reserve. Jo och hei zu Albufeira ass mol schlecht Wieder.
Haut war schon ganz vill Wand an Muer soll et nach méi schlemm gin.
Mir sin awer an der Hoffnung daat Resultat besser get. Bis muer
Zweeten Dag (28.9.2022)
Gudden owend. Haut war dann den zweeten Compétitioun‘s Dag.
Gefëscht Ass an der Reserve Zone wéinst starken Wand. An der Zone ass et zweschen 12 an 20 Meter.
Haut hun mir mat zeit ugefangen. Daat huet sech och bemierkbar gemacht. Et sin vill Fësch gefangen gin awer och ganz vill déi Mooss net haaten. Motivéiert waren mir awer leider hun mir am enzel Klassement missen eis geschloen gin.
Steve huet eng 4 gemacht vun 8 Fëscher. Giovanni eng 5 vun 7 Fëscher. Änder, René an Henri sin net iwert die 8 Platz vun 8 Fëscher op dem Booter komm.
Enzelklassement:
Steve 30
Giovanni 39
Henri 60
René 63
Änder 64
Bei der Natioun‘s Klassement sin mir mat engem Bloen Aan dovun komm an sin nach eng kéier die 11gin vun 13 Natiounen.
Punkt gleich mat San Marino an en Punkt hannert England. Daat Motivéiert eis muer alles ze gin vill déi Natiounen ze packen.
Muer Fëschen mir an der Zone 1, wou Waasser méi déif ass, Ech hoffen dat daat eis an Karten Spillt. Bis muer
Drëtten Dag (29.9.2022)
Gudde Mettig.
Gester haten mir de drëtten a leschten Compétitioun’s Dag. Mir waren motivéiert an wollten unbedingt ënnerten Top 10 an der Natioun’s Wertung kommen. Einfach war et net. All Fëscher vun eis haten gudd Fëscher um Boot. Ech haten den Volpini Paolo sechs fachen Weltmeschter um Boot. Och en Weltmeschter muss Fësch fãnken fir ze Wannen. Zum Schluss vum Dag gouden Fësch gezielt an hun festgestallt daat ech der méi haten wie den Volpini. Ech sin gudden drëtten um Boot gin an an der Wertung vum Dag 25ten.
Henri 5ten um Boot (39)
Steve 6ten um Boot (44)
Änder 7ten um Boot (51)
René 7ten um Boot (54)
An der Landeswertung hun mir eis verbessert an sin die 9ten Gin.
Schlusswertung:
Enzel :
Giovanni 31
Steve 38
Henri 44
René 45
Änder 52
vun 76 Fëscher
Mat Platz 10 hun mir et gepackt an der Landeswertung ënnert die 10ten ze kommen vun 13 Natiounen.
Den Owend Ass Preisverdeelung an den Gala Dinner, domat Ass die 57 Weltmescherschaft eriwer.
Bis muer (Giovanni Micicci)
Ofschloss (30.9.2022)
Gudden Owend
Wéi schons ugekënnigt, haten mir haut Preisverdeelung an Gala Dîner. Do fir drun hun verschidden Leit hier Fëschersachen gebotzt an agepackt, die anner sin op den Ausfluch gangen den vum Organisator zu Verfügung gestallt huet.
Op der Preisverdeelung hun mir Loreaten Aplaudéiert an Gratuléiert. An der Enzelwertung ass den portugiesischen Fëscher Juan Pato Weltmeescher gin. Equipenwertung ass Portugal och Weltmeschter gin. Mir war frou daat Lockalmatodoren gewonnen hun Waat och eis Frend an Kollegen sin. Weider Resultaten kënnt Dir op der Internet Seit FIPS-M fannen.
Et war eng ganz flott WM , mir hun vill Fësch gefangen an den Hotel war ganz ok. Bedanken wollt ech mech bei der ganzer Equipe, déi gudd matgeschafft hun. Jo daat war et.
Muer de moien Fléien mir erem zereck Richtung Heimat.
Merci Giovanni Micucci (Kapitän)